Geschicht

D’Geschicht vun der Derendingia

1877 Als gemittleche Grupp vu Studenten gouf d’Derendingia den 21. Abrëll 1877 an deem klenge Bistro Lamm zu Derendingen gegrënnt – dohier kënnt och den Numm Derendingia. De Grond war, datt ee festlëchen Ëmzoch vun der Eberhard Karls Universitéit fir hir 400 Joer ze feieren bevirstoung; eis Grënnungsmemberen wollten do matgoe, mee dat hunn nëmmen Studenteverbindungen gedierft. Kuerz drop huet een och ee speziellen Derendinger-Zierkel als Emblème bëstemmt an d’Faarwe Blo-Wäiss-Rout gewielt. Dat sinn d’Faarwe vu Schleswig-Holstein, vun do koum ee gudden Deel vun de Grënnungsmemberen hier.
Die Gründungsmitglieder

1896 huet d’Derendingia décidéiert, Faarwen ze droen, dat heescht, datt d’Membere vun dohier ee rout-wäiss-blot Band an eng schwaarz Mutz undinn (d’Faarwen hu missen an der Reihenfolleg geännert ginn, well schonn eng aner Verbindung zu Tübingen ee blo-wäisst-rout Band hat). Och d’Fechtdueller (Mensur) waren ee feste Bestanddeel vum alldeegleche Liewen.

1897 ass d’Derendingia der Féderatioun “Deutsche Burschenschaft” bäigetrueden an heescht säit deems Burschenschaft Derendingia.

1905 konnt no nëmmen néng Méint Bauzäit an dat neit Derendingerhaus an der Schloßbergstraße geplënnert ginn.

Das Derendinger Lamm

1919 ass d’Derendingia dem Gréng-Wäiss-Roude Kartell bäigetrueden, enger frëndschaftlecher Interessensalliance bannent der Féderatioun, zesumme mat de Burschenschaften Hannovera Göttingen, Germania Jena a Frankonia Heidelberg.

1935 goufen – nodeems den Hitler 1933 un d’Muecht komm ass – am Kader vun der sou genanntener “Gleichschaltung” all Studenteverbindungen verbueden. Et ass virun allem dem grousse Engagement vun eisem Aalen Här Schröder III ze verdanken, datt eis Verbindung déi schwéier Zäit iwwerlieft huet a mir och haut nach dat rout-wäiss-blot Band droe kënnen.

1945: Nom Enn vum zweete Weltkrich gouf um Derendingerhaus d’ “Vereinigung Tübinger Korporationsstudenten” gegrënnt. Hier Aufgab war et ënner anerem, d’Studenteverbindungen zu Tübingen erëm zum Liewen z’erwechen. Ganz no der Devise “Ee fir s’alleguerten, an alleguerte fir een”, konnt d’Aktioun “Derendinger-Hilfe” am Duercherneen vun der Nokrichszäit substantiell Contributiounen fir eis Membere leeschten.

1950: Studenteverbindungen waren un den Universitéiten offiziell rëm erlaabt. D’Burschenschaft Derendingia huet och erëm an hiert aalt Gemeinschaftsliewen zréck fonnt. Och d’Fechtdueller gouffen erëm praktizéiert, woubäi dat Ganzt nach ëmmer zur Diskussioun stoung.

1969 hun d’Derendinger dunn finalement d’Fechtdueller ofgeschaf an hu Judo als Pflichtsport agefouert.

1981: Nodeems ee Student, deen ee “Kriegsdienstverweigerer” war (also een, deen säi Service Militaire net wollt man, mä amplaz “Zivildienst” gemeet huet), an d’Alhäreschaft opgeholl gouff, ass d’Derendingia aus der Féderatioun rausgeheit ginn. Dat gouf gären a Kaf geholl.

2005: D’Derendinger feieren dat lo säit 100 Joer bestoend Derendingerhaus.

2007: Nodeems di Jore virdrun nieft dem Judo och dat olympescht Fechten intensiv praktizéiert ginn ass, huet op d’Bedreiwe vun den jonke Memberen dat olympescht Sportfechten de Judo als Pflichtsport ersat.