Fechten

„Fechten ass wéi Boxen um Schachbriet“, so huet eng däitsch Topfechterin de Sport beschriwwen. Et kann een et awer och als “d’Konscht ze treffen ouni getraff ze ginn” nennen. Säit dem Summersemester 2008 maache mir Sportfechten, ganz esou wéi een et aus der Telé kennt. Eis Disziplin ass dat Olympescht Säbelfechten. Säit enger Rei vu Joren hu mir ee professionellen an ausgebiltenen Fechttrainer, mat deem mir eemol d’Woch op eisem Haus trainéieren.

 

Fir ëmmer weider am Sport ze kommen, hu mir den 21. Abrëll 2016 eisen eegenen Säbel-Fechtclub gegrënnt. De 4. November 2016 gouffe mir dunn no enger Demande och am württembergeschen Fechterbond opgeholl. Zanter hier participéiere mir als “Fechtclub Derendingia” och bei deenen däitschen “Hochschulmeisterschaften”, déi eemol am Semester organiséiert ginn.

Dat Olympescht Säbelfechten ass een immens taktische Sport an huet och eng zollit technesch Komponent. Et ass deen idealen Ausglach zu den Étuden an dem Léierstress. Beim Fechten steet een zwar alleng op der Fechtbunn (och Piste oder Planche genannt), mä zesummen ze trainéieren fördert den Teamgeescht an zu gudder Lescht natierlech och de Succès.

Hues du Interessi och eng Kéier eng nei a ganz elegant Sportart ze probéieren? Da schreif eis einfach iwwert eise Kontaktformulaire a komm während dem Semester einfach eng Kéier op eisen Training bis laanscht.

Hei fënns de weider Informatiounen zum Fechten (op Däitsch):

Link op de Württembergischen Fechterbund

Direktlink op de Fechtclub Derendingia op der Säit vum Württembergischen Fechterbund

Link op den “Deutschen Fechterbund”