Semesterprogramm

Et gëtt kee méi ee schéint Liewen, wéi dat vun engem Student…

D’Studenten vun der Derendingia, di sou genannt “aktiv” Memberen, hunn héich Uspréch an akademesch Ziler. Si kënnen et awer och genau sou gutt fluppe loossen a feieren. Wat wär e Studenteliewen och schonns ouni Paus an ouni Ofwiesslung? Mir ameséieren eis souwuel bei offiziellen a chicken Evenementer, wéi eisem Chrëschtdags-Bal, mä och bei gemittlechen kléngen Owenter, bei Wanderungen oder Partyen zu Tübingen. An dëser jonker Stad ass ëmmer eng lass a mir Derendinger si matzendran!

Vergiess och net eng Kéier an eisen aktuelle Semesterprogramm ze kucken. A wann s de der nach méi Andréck vun eisen eegenen Evenementer verschafe wëlls, da besich gären eis Facebook-Säit, op där s de vill aktuell Fotoe fënns!

De Semesterprogramm

Stocherkähne

All Semester brénge mir an enger klenger, praktescher Form ee Semesterporgramm eraus. Dodran ass a Form vun engem Kalenner eng Iwwersiicht iwwert all eis Evenementer. Natierlech si Gäscht zu all eisen net-interne Veranstaltungen op eisem Haus häerzlech Wëllkomm a mir giffen eis freeën, deen een oder deen aneren op eisem Haus begréissen ze dierfen. Eisen aktuelle Semesterprogramm vum Wantersemester 2018/2019 als PDF fir erofzelueden:

Semesterprogramm als PDF