Eist Haus

Am Häerz vun Tübingen

Haiser vu Studenteverbindungen prägen d’Stadbild vun Tübingen genau sou wéi den Neckar. Eist Haus gehéiert zu deenen méi exponéierten Haiser. Zesumme mat sengem Noper, dem Schlass vun Tübingen, kuckt eist Haus direkt op den Neckardall. Eist Haus gouf 1905 am Landhausstil um Bierg vum Schlass gebaut an ass mat senger eenzegaarteger Aussiicht op den Neckar an op di Schwäbesch Alb Generatioune vun Derendinger zu enger zweeter Heemecht ginn. Hei, wou mir an eiser Studentenzäit wonnerbar Joer verbruet hunn, hu mir d’Basis fir eng erfollegräich Carrière geluet, Frënn fir d’Liewe fonnt an hei kënnen mir eis och haut nach ëmmer treffen. Eis Studentenzëmmeren si mat 20-30 m² immens generéis an natierlech och mat deene modernste Kommunikatiounsmëttelen équipéiert.