Member ginn

Wat bidde mir?

Eis Aal Hären (Ancienen), di am In- an am Ausland Verantwortung an der Politik, an der Wirtschaft an an der Gesellschaft iwwerhuelen, bilden ee staarke Réseau. Bei der Verfeinerung vu soziale, gesellschaftlechen an och fachbezunnene Kompetenzen hëllefen d’Derendinger sech géigesäiteg ëmmer wou et geet. Ofwiesslung gëtt et dann mat deene gemeinsam gefeierten, geckege Fester, ob geplangt oder heiansdo och ganz spontan. Doduerch, datt mir zesumme bannen Däitschland an am Ausland reese, erweidere mir eisen Horizont a fleege de Kontakt net nëmme mat eisen eegene Memberen, ma och mat de Membere vun aanere Studenteverbindungen aus der ganzer Welt. Duerch den ästheteschen an dynamesche Sport vum olympesche Fechte fördere mir en plus de sportleche Geescht vun all eisen aktive Memberen.

Wat erwaarde mir?

Vun eise jonke Memberen erwaarde mir fir d’alleréischt emol e Leeschtungswëllen an hiren Étuden. Den erfollegräichen Ofschloss vum Studium ass a bleift dat wichtegst Zil. Géigesäitege Respekt an Toleranz, d’Astoen vun deem enge fir deen aneren, d’Iwwerhuele vu Verantwortung an Asaz a Leeschtung gehéieren awer genau sou dozou, wéi allgemenge politeschen a kulturellen Interessi.

Du bass interesséiert?

Wann dir eis Ziler a Virstellungen gefalen, da bass de bei eis häerzlech wëllkomm. Kontaktéier einfach eis aktiv Memberen oder besich ee vun eise sëllechen Evenementer. Alternativ kanns de och eise Kontaktformular benotzen.