Tübingen

Alma Mater Tubingensis

Genau sou wéi eist Haus gehéiert och d’Stad Tübingen zur Heemescht vun engem Derendinger. Daat kléngt Stiedchen, dat um Neckar läit, ass geprägt duerch seng Fachwierkhaiser, seng Hiwwel an natierlech d’Stocherkähn, di jidderengem am Summer eng gemittlech Paus erlaben. Di schwäbesch Universitéitsstad, di gutt 84’000 Awunner an dovunner bal 29’000 Studenten huet, verbënnt de Flair vun engem mat Léift restauréierte, mëttelalterlechen Stadskär mat dem flotte Gebësel a Liewensgefill vun enger jonker Unisstad.

Tübingen
Bildquelle: to.wi

D’Eberhard Karls Universitéit Tübingen

“Tübingen huet keng Universitéit, Tübingen ass eng Universitéit.”

… an dat heescht et aus guddem Grond: Ënnert dem Symbol vun der Palm an dem Graf Eberhard sengem Motto “Attempto” (“ech won et”) prägt d’Universitéit mat hiere bal 29’000 Studenten d’Stadbild. Si ass mat 450 Professeren an iwwer 4’000 Wëssenschaftler no der Uni Heidelberg di gréisst Héichschoul vu Baden-Württemberg. Di siwe Fakultéite vun der Universitéit verdeelen sech duerch di ganz Stad. An der Alstad gëtt et praktesch keen Haus oder keng Plaz, di net mat engem berühmten Akademiker verbonne wär: do wären ënner anerem den Hegel, den Hölderlin an de Schelling, de Mörike an den Uhland, de Johannes Kepler an de Wilhelm Schickard. Ausserdeem kommen net manner wéi néng Nobelpräisdréier aus der Universitéitsstad Tübingen.

Die Neue Aula
Bildquelle: Felix König